Häerzlech Wëllkomm beim Gudde Gaart!
Häerzlech Wëllkomm beim Gudde Gaart!
Direkt vum Feld an Aeren Kuerf!

Härzlech Wëllkomm beim Gudde Gaart!

Seit 2018 hunn mir et eis zur Missioun gema d'Leit an eiser Regioun mat héigwertegen Liewensmëttel ze versuergen. An der Saison 2019 bidden mir fir d'éischt Kéier eis Produkter fir privat Haushalter un, daat ganzt nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft (SoLaWi)

Firwat SoLaWI beim Gudde Gaart

Dat maach dir fir Iech, Är Regioun an fir d'Ëmwelt

Regional

All Woch vun eisem Feld zu Haller direkt an Ären Kuerf, méi frësch an direkt geet et net! Kuerz Transportweeër entlaaschten den Klima. D’Suen bleiwen an der Regioun an schafen Aarbechtsplazen.

Saisonal

Mir schaffen an Harmonie mam Wieder an den Joreszäiten. Dofir bidden mir ëmmer déi Zorten un, déi d’Natur grad (fräiwëlleg) hiergëtt. Dat spuert Ressourcen an suergt fir vill Ofwiesslung op Ärem Teller.

Solidaresch

Mir schaffen no dem SOLAWI Prinzip, dat heescht d’Memberen bezuelen eng kéier pro Saison hiren Beitrag an. Doraus ginn d’Käschten vun der Produktioun gedroen (Saatgut, Material, Aarbecht, Pacht fir d’Land etc.) D’Memberen kréien dofir all Woch en Kuerf mat saisonalem Geméis. Den solidareschen Beitrag erméiglecht en fairen Präis fir eng wäertvoll Leeschtung.

Héichwäerteg

Mir verwenden ausgewielten Zorten. D’Wuer gëtt eréischt gepléckt wann se zeideg ass. Doduerch bleiwen méi Nährstoffer erhalen wéi wann se wochelaang am Camion an am Regal leit. Mir kennen méi opGeschmaach an Villfalt kucken, well mer net sou staark un Lagerfähegkeet an Robustheet gebonnen sinn.

Ouni Plastik-Verpackungen

Mir paken net alles onnéideg of. Dat entlaascht d’Ëmwelt an d’Poubelle bei Iech doheem

Ökologesch

Eis Planzen gesinn Buedem, Kompost, Waasser an Sonn. Soss näischt! Et kéint een eng ganz Website fëllen, mat deem wat mer alles NET drop geheien.

En Kuerf mat klasseschen Geméis- & Kraiderzorten

PLUS DÉI ENG ODER ANER MÉI ONBEKANNT ZORT.

Geméis

Uebst

Kreider

Einfach online umellen

bunner-img-1

100% Regional

Mir bauen fir Iech un waat gudd ass an waat schmaacht.
Billergallerie entdecken

1,2,3 Fäerdeg

Mir hunn 3 verschidden Angeboter, an zwar fir Haushalter mat :

1 Persoun

Elo umellen

2 Persounen

Elo umellen

2 Persounen + Kanner

Elo umellen

Aeren Kuerf steet all Woch fir Iech prett.

Zu Haller oder op der Iechternacherbréck